zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Invité:e vum Dag
News
Luxembourgish
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Website
Episodes
50
05 June 2026
Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement écologique
Ginn op der Tripartite ënner dem Deckmantel vun der Inflatiounsbekämpfung Decisioune geholl, déi net gutt fir Ëmwelt a Klima sinn?
04 June 2026
Hubert Wurth, fréiere Lëtzebuerger Ambassadeur zu Moskau
Wéi eng Perspektive gesäit hie fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze bréngen? A wéi eng Roll kann d'Diplomatie dobäi spillen?
03 June 2026
Georges Engel, Co-Parteipresident vun der LSAP
D'Gewerkschafte fuerderen, datt si an Zukunft iwwer d'Sozialpolitik vum Land kënne matdecidéieren. Wat halen d'Sozialiste vun där Propos?
02 June 2026
Journalisteronn virun der Tripartite
Wat ass sech ze erwaarde vun de Verhandlungen tëschent Regierung, Patronat a Gewerkschaften, déi haut uginn? Mir froen d'Nadine Schartz vum Wort an de Pol Reuter vu Reporter.lu.
01 June 2026
Alex Schumann, President vum Industrielleverband FEDIL
Wéi staark ass d'Lëtzebuerger Industrie elo scho vun den héijen Energiepräisser betraff? Déi Fro stelle mir dem FEDIL-President éier muer d'Tripartite-Verhandlungen ufänken.
29 May 2026
Pascal Husting, Aktivist bei der ONG Steelwatch
D'Stolindustrie ass fir 10 Prozent vun de weltwäiten CO2-Emissioune verantwortlech. Steelwatch wëllt de Wandel zu enger decarboniséierter Stolproduktioun virundreiwen.
28 May 2026
Raymond Manes, Direkter vun der Miami University Lëtzebuerg
Zënter bal 25 Joer ass de Lëtzebuerger an der Direktioun - fir d'éischt als 2. Mann, zënter 2020 als Haaptchef - vum Miami University Dolibois European Center in Luxembourg (MUDEC)
27 May 2026
Pascal Peters, Generaldirekter vun der Police
Gi Polizisten ëmmer méi dacks selwer Affer vu Gewalt? Dat ass eng vun de Froen, déi mer dem Police-Direkter stellen.
26 May 2026
Carlos Teixeira, President vum FC Atert Bissen
Bissen ass dëse Weekend gelong, wat virun der Saison kee geduecht hätt: Den Opsteiger huet gepackt Champion ze ginn! Mir froen de President vum Club wat säin Erfollegsrezept ass.
22 May 2026
Yuriko Backes (DP), Ministesch fir Verteidegung
Bis 2029 soll de Lëtzebuerger Defense-Budget all Joer ëm 0,1 % op dann 2,3 % vum RNB wuessen: déi präzis Trajectoire huet d'Ministesch virgëscht an der Chamber presentéiert.